News

U12 Girls - Nationale 3 - Poule Champion

D'Zoé an d'Lina hu bis elo eng exceptionnell Interclub-Saison gespillt. Si hu bis lo just 1 Match verluer a sti momentan verdéngt op der 2.Plaz vun der Poule Champion. Si sinn e richtegt Team, hu Spaass um an niewt dem Terrain a ginn hiert bescht. Wann si am Double den 1.Saz gewannen, da spillen se den 2.Saz meeschtens net méi sou gutt. Dat weess de Géigner awer net :-) Mir si frou, dass si den TC Miersch dobaussen op den Terraine vum Land representéieren, a soen hinnen, hiren Elteren an hiren Traineren einfach MERCI!

U12 Girls - Nationale 3 - Poule Champion



User ImageKarel Achten, 08. Mai 2024