News

FLT Vize-Champion 2024 - Antonio Marinelli

Dem Antonio seng bemierkenswert Serie vun 20 Victoiren um Stéck ass haut de Moien zu Esch leider op en Enn gaang. No 4 Finallen hannertenee verléiert den Antonio géint den op Nr. 1 gesaten Noé Rousseau mat 4-6 & 2-6. 

Hei de Link

FLT Vize-Champion 2024 - Antonio Marinelli

Den Tennis Club Miersch ass houfreg, de Vize-Champion vun den U12 Jongen a sénge Reien ze zielen. Antonio, trainéier weider fläisseg a lief däin Dram weider, du kanns et packen.

Chapeau och fir deng Elteren, well si huelen sech ganz vill Zäit fir datt s du denger Passioun nogoe kanns. 

E weidere MERCI geet un Tennis Solution, dem Thomas Bleses seng Equipe mat all de (Mierscher) Traineren.

User ImageKarel Achten, 21. Juli 2024